Stellt d’Regierung sech virun eis russesch Matbierger?

D’Gambia Regierung huet sech an de leschte Jore gären als Schutzpatréiner vun diverse Minoritéiten inzenéiert. Aktuell gesinn sech besonnesch eis russesch Matbierger verstäerkt politesch motivéierten Iwwergrëff ausgesat. Verschiddener beriichten, datt si Haassmessage kréien, anerer ginn op der Strooss kierperlech agresséiert, well si russesch schwätzen a Kanner ginn an der Schoul gemobbt. Bekennt d’Regierung sech och vis-à-vis vun eise russesche Matbierger kloer zum Minoritéiteschutz oder sinn si déi nei Ongeimpft?

Deel dëse Post: