Steierzueler bezilt RTL-Defizit: d’Fro vum Pluralismus richteg gestallt

De Roy Reding huet d’Chamber an d’Regierung den 23. Mäerz zweemol erféiert, wéi doriwwer geschwat ginn ass, ob den Defizit vum RTL-Fernseh soll vum Steierzueler iwwerholl ginn. Hien huet verlaangt, datt keng aktiv Politiker am RTL-Verwaltungsrot solle sëtzen an den dräi Fraktiounscheffen vun DP, LSAP an CSV hir Demissioun aus dem gutt bezuelte Gremium nogeluecht. An hien huet drop gehalen, datt de Concessiounsvertrag der Chamber soll virgeluecht ginn, well d’Deputéierten nëmmen déi nei Deeler géinge kennen fir ze diskutéieren, an net de ganzen Text. Den ADR-Deputéierten huet och zwou Motiounen an deem Sënn abruecht, eemol fir den integralen Text vum Konzessiounsvertrag vun 2007 virgeluecht  ze kréien an eemol fir déi deontologesch quantitativ a qualitativ Verflichtungen vun RTL Télé  duerch d’Chamber kontrolééieren ze loossen.

Nom CSV-Staat den RTL-Staat?

Déi dräi Fraktiounscheffen vun DP, LSAP an CSV kommandéieren 48 Stëmme vu 60 an der Chamber, huet den Roy Reding erkläert a gefrot, ob d’Land nom sougenannten CSV-Staat elo en RTL-Staat wär. D’Subventionéierung vun RTL-Fernseh am Numm vu Pressepluralismus a Meenungsfräiheet huet hie verglach mat anere Beräicher, déi net däerfe subventionéiert ginn. Hien huet do besonnesch de Fonds de Logement genannt, deen an Zukunft muss Steiere bezuelen, a mam Findel, deen och net däerf subventionéiert ginn. De Roy Reding huet och déi grouss Avantagen ugeschwat, déi RTL vum Lëtzebuerger Staat gemaach kritt huet, an dat mat der Arbed verglach. A béide Fäll hätte grouss Lëtzebuerger Betriber vun Avantage profitéiert, déi de Steierzueler bezuelt huet, ier si vu grousse multinationale Betriber, Mittal oder Bertelsmann, opkaf gi sinn.

Hien huet verlaangt, datt am Fall vun enger Subventionéierung vun RTL-Télé, d’ëffentlech-rechtlech Missioun vum Sender misst wierklech eescht geholl ginn an ënnert anerem e Kannerprogramm an eng fair a pluralistesch Behandlung vun alle Parteien esouwuel an der Berichterstattung wéi och, wat hir Presenz op den Antenn ugeet, verlaangt.

 

 

Deel dëse Post: