Steierverwaltung: Detailer zu Retarden

De Fernand Kartheiser freet Detailer zu de Retarde bei der Steierverwaltung. Hie gesäit, wéi séier physesch a moralesch Persoune bei engem Retard musse mat Konsequenze rechnen a wëll wëssen, wéi séier d’Steierverwaltung schafft an äntwert, op et regional Ënnerscheeder ginn an op dru geschafft gëtt, fir eventuell Retarden opzehuelen an d’Äntwertzäit ze verkierzen.

A senger Äntwert schreift de Minister… datt d’Steierverwaltung “regelméisseg mindestens sechs bis aacht Méint brauch, fir eng Erklärung ze veraarbechten nodeems se erakomm ass”. Op den 1. Februar 2016 waren 80% vun den Deklaratioune vun… 2014 verschafft. Majo dann…

Deel dëse Post: