Steierreform: ADR schléit mat der Fauscht op den Dësch!

Zesumme mat deenen dräi aneren Oppositiounsparteien an der Chamber huet elo d’ADR mat der Fauscht op den Dësch geschloen! Well déi sanitär Kris e groussen Impakt op déi ëffentlech Finanze kritt, muss an der Chamber endlech eng reegelrecht Orientéierungsdebatt gefouert ginn! D’Regierung spillt a Saache Steierfroen net mat opene Karten! Déi zukünfteg Steierpolitik muss awer anstänneg geplangt ginn an all Partei muss och hiren Input kënne ginn. Eng änlech Demande vun der LSAP, déi sech awer nëmmen op eenzel Fiskalitéit-Froe bezitt, geet iwwerhaapt net wäit genuch!     

Deel dëse Post: