Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

De Staatsbudget fir d’Joer 2013, deen ursprénglech vum Finanz- a Budgetsminister virgestallt gouf, war esou schlecht, datt en huet missen nodréiglech amendéiert ginn. Vun „nogebessert“ kann net Rieds goen: d’Mesurë belaaschten haaptsächlech d’Familljen an den Defizit soll nach ëmmer bei 2,3% leien. D’ADR huet hirersäits e Pak vun zéng Moossnamen ausgeschafft, duerch déi de Budget nees kéint an den Equiliber bruecht ginn. Wann de Ministere souwisou näischt Sënnvolles afält fir déi ëffentlech Finanzen ze sanéieren, da sollen se sech roueg vun den ADR-Propositiounen inspiréiere loossen!

D’ADR muss op en Neits feststellen, datt d’Regierung et net fäerdegbréngt, den Defizit an de Grëff ze kréien. Am Staatsbudget feelen net manner wéi eng Milliard Euro, an dat ass bei wäitem keng Banalitéit, och well déi budgetär Souveränitéit vun eisem Land um Spill steet.

Amplaz reell Efforten um Niveau vun den Depensen ze maachen huet d’Regierung decidéiert verschidde Steieren z’erhéijen an domadder besonnesch de Familljen an d’Täsch ze gräifen. D’ADR verlaangt, datt endlech gespuert gëtt – an zwar op de richtege Plazen – an huet deementspriechend och e Pak vun zéng Propositiounen ausgeschafft:

  • All Minister muss an déi zoustänneg Chambercommissioun kommen an erklären, wou nach a sengem Departement Spillraum ass fir ze spueren.

  • Lëtzebuerg brauch eng efficace Kontroll vun de Staatsfinanzen. D’Cour des comptes muss iwwert d’Opportunitéit vu Projeten hiren Avis kënnen ofginn, och wat d’Gemengen ugeet.

  • Wat d’Rentereform ugeet, bréngen d’ADR-Propositioune méi, wat déi laangfristeg finanziell Ofsécherung ubelaangt, a si sinn doriwwer eraus méi sozial gerecht.

  • D’Familljenzoulage mussen an enger eenzeger Allocatioun zesummegeluecht an der Steier ënnerworf ginn. Dëst entsprécht enger administrativer Vereinfachung an ass sozial gerecht.

  • D’Investitiounspolitik muss iwwerkuckt ginn. Lëtzebuerg brauch keng Prunkbaute méi (z.B. Pei-Musée), mä muss sech Prioritéite setzen, déi wichteg fir d’Zukunft sinn. Dofir seet d’ADR Jo zu Schoulen, Spideeler a Kläranlagen, mä Neen zu Tram, Arméisfliger, Velodrom a Fussballstadion.

  • D’Contributioun vu Lëtzebuerg un international Institutioune muss nei verhandelt ginn. Am Ament bezilt de Lëtzebuerger Staat bei verschiddenen Institutiounen am Verhältnis zu anere Länner méi héich Contributiounen.

  • D’Masse salariale beim Staat a bei de Gemenge muss blockéiert ginn. D’ADR ass der Meenung, datt nëmmen déi normal Augmentatiounen dierfe realiséiert ginn (z.B. Index, Avancementer). E prinzipiellen Astellungsstopp ass néideg. Dofir sollten nëmmen nach Leit agestallt ginn, wou der och noweisbar feelen. Am Géigenzuch mussen awer op anere Plaze Posten agespuert ginn. Ausserdeem däerf et net zu engem Accord salarial an dëser Legislaturperiod kommen; d’ADR géing eng Gehälterrevisioun mat méi niddregen Ufanksgehälter begréissen. D’Mobilitéit an de Wiessel tëschent de Verwaltunge muss vereinfacht ginn an de Staat muss sech, nieft der Réforme an der Simplification administrative, op Käraufgabe limitéieren. D’ADR wëll kee Bewäertungssystem an der Fonction Publique. Dëst géing nëmmen zu enger Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht féieren.

  • D’Entwécklungshëllef muss op 0,7% vum Bruttonationalakommes zeréckgesat ginn. Wéi et dem Lëtzebuerger Staat finanziell ganz gutt gaangen ass, ass de Prozentsaz fräiwëlleg op 1,0% eropgesat ginn. Haut gesäit d’Situatioun anescht aus an dofir ass et wichteg nees op déi 0,7 % erofzegoen.

  • Lëtzebuerg brauch e verantwortlechen a bezuelbaren Ëmweltschutz. Dofir mussen déi iwwerdriwwe Kompensatiounsmoossnamen ofgeschafe ginn.

  • D’Relatioun tëscht Staat a Kierche muss iwweduecht ginn. D’ADR huet kenger Konventioun zougestëmmt a trëtt fir den italienesche System „otto per mille“ an. Doduerch kritt all Bierger d‘Recht selwer ze decidéieren, ob a wat fir eng Kierch hie wëll ënnerstëtzen.

Mam Staatsbudget fir d’Joer 2013 gëtt eist Land riicht an den Defizit gedriwwen. An déi, déi d’Rechnung vun dëser onverantwortlecher Politik musse bezuelen, si souwuel d’Familljen, wéi och déi nächst Generatiounen!