Staat muss (!) Elteren héieren

An der Chamber gouf den 5. Juli e Gesetz gestëmmt, wou de Staat der Elterevertriedung virschreift, wat fir Rechter si huet. D’Elterevertriedung huet, wéi all Organisatioun an Interessevertriedung, ëmmer d’Recht aktiv ze ginn an am Kader vu rechtsstaatleche Reegelen hirem Uleies Gehéier ze verschafen. De Fernand Kartheiser fënnt et bedenklech, datt de Staat sech umoosst ze soen, datt hien an Zukunft d’Elteren héiere kann. Den ADR-Deputéierten huet do eng aner Meenung: De Staat MUSS d’Elteren héieren. Wat d’Regierung als Akt vu Generositéit verkeeft ass näischt aneres wéi d’Verstaatlechung vum Recht op Initiativ.

Deel dëse Post: