Op Ufro vun der ADR huet de Sportminister Romain Schneider en Donneschdeg, de 25. Oktober, de Budget vum Sportsministère an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. De Minister huet erkläert, datt besonnesch d’Spiller vun de klenge Länner an den neie Sportslycée den ordinäre Budget vu sengem Ministère fir 2013 belaaschten.

Doropshin huet d’ADR haaptsächlech d’Ausgabe vum „Fonds d’Equipement Sportif national“ hannerfrot. D’Dotatioun vun dem Fong fir 2013 beleeft sech op 15 Milliounen Euro, dëst an Ausféierung vum Gesetz vum 19. Dezember 2008 iwwer de 9. Fënnefjoresplang fir d’Sportinfrastrukturen. Um Enn vum Joer 2013 géingen awer nach 8.917.672 Euro an deem Fong iwwreg bleiwen. Op Nofro vun der ADR sot den Minister Schneider „Dat ass de Velodrom“.

D’ADR ass awer der Meenung, datt elo, an där katastrofaler Budgetssituatioun vum Land, de Velodrom net kann zu de Prioritéite vum Staat gehéieren. An de Spuerpropositioune vun der ADR, déi am Abrëll 2012 presentéiert goufen, gehéiert de Velodrom zu de Projeten, déi aus budgetäre Grënn mussen zeréckgestallt ginn. Dowéinst ass d’ADR der Meenung, datt d’Dotatioun vun deem Fong fir 2013 soll ëm  8,9 Milliounen op nëmmen nach 6,1 Millioune gekierzt ginn.