Op Ufro vun der ADR huet déi zoustänneg Chamberkommissioun fir d’Classes moyennes an den Tourismus haut de Moien de Budget vun deem Departement ënnert d’Lupp geholl. D’Madame Minister Hetto an zwee vun hiren héije Beamten hunn den Deputéierte Ried an Äntwert gestanen. Ouni datt doduerch d’Aktivitéite vun dësem Ministère géingen ageschränkt ginn, proposéiert d’ADR dës Ännerungen am Budget:

  1. Bei den „dépenses ordinaires“ sollen dës Ännerunge virgeholl ginn:
    1. Artikel 33.018 (33.00) : Participation de l’Etat au financement de campagnes exceptionnelles de promotion, de sensibilisation et d’information 2013 organisées par l’Office national du Tourisme
      Amplaz 1.400.000 Euro am Joer 2013 proposéiert d’ADR dës Depensen op zwee Joer ze verdeelen: 780.000 Euro am Exercice 2013 an eng zweet Tranche vu 620.000 Euro am Joer 2014.
    2. Muséeën (Musée du vin zu Éinen, Schengen asbl, Musée A Possen): d’ADR proposéiert déi Budgeten am Kulturministère zesummenzefaassen. Dëst erméiglecht eng besser Lisibilitéit vum Budget an eng méi einfach Kontroll vun deenen Depensen.
    3. D’ADR ass der Meenung, datt en Numm vun enger privater Firma, wéi z.B. e speziellen Editeur, net soll am Budget mentionéiert ginn.
    4. D’ADR proposéiert, datt d’Tourismusvertriedungen am Ausland solle sou vill wéi méiglech a Koordinatioun mam Ausseministère geréiert a finanzéiert ginn.
      Resumé: Op dës Manéier hätt de Buget ordinaire vun deem Departement fir 2013 e Volume vun 16.224.819 Euro amplaz 16.844.819 Euro. Well de Budget fir 2012 e Volume vu 16. 232.839 huet, wär de Budget praktesch konstant amplaz ëm 620.000 Euro ze klammen. Et géinge souguer 8.020 Euro gespuert ginn.
  2. Bei den « dépenses extraordinaires » sollen dës Ännerunge virgeholl ginn:
    D’Alimentatioun vum „Fonds pour la promotion touristique“ fir 2013 (Artikel 93.00. 11.60) soll vu 6.000.000 Euro op 3.635.091 Euro erofgesat ginn. An deem Fong sinn um 1. Januar nach 5.594.262 Euro an de Finanzéierungsbedarf fir 2013 beleeft sech op 6.629.353 Euro. D’Differenz, déi iwwer de Budget ze finanzéieren ass, bedréit also nëmme 635.091 Euro. Fir weider Projeten an deenen nächste Joere kënnen ze finanzéieren, ass d’ADR bereet fir weider 3.000.000 Euro bereetzestellen. Duerch déi Moossnam fält de Budget extraordinaire vun deem Departement vu 15.048.900 ëm 2.362.909 Euro op 12.683.991 Euro. Géintiwwer dem Budget fir 2012 ass dat eng Economie vun 2.501.909 Euro.
  3. Conclusioun
    Ouni datt dee Ministère misst seng Aktivitéiten zeréckschrauwen, ass d’ADR der Meenung, datt an deem Budget kéinte fir 2013 am ganzen 8.020 + 2.501.909 = 2.509.929 agespuert ginn.