Op Ufro vun der ADR huet den Ausseminister e Méindeg, de 5. November, de Budget vum Ausseministère an der zoustänneger Commissioun presentéiert. Duerch eis zweejäreg Memberschaft am UNO-Sécherheetsrot – déi der ADR hirer Meenung no net zu de Prioritéite vum Land gehéiert hätt – kommen eng ganz Rei vun zousätzlechen Depensen op den Ausseministère duer. Och déi lëtzebuergesch EU-Presidence am Joer 2015 muss elo scho virbereet ginn, wat och eng Rei vu Personaldepensë mat sech bréngt.

De Budget vum Ausseministère ass relativ kleng. Trotzdem muss och dee Budget zu enger Verbesserung vun der budgetärer Situatioun bäidroen.

D’ADR ass der Meenung, datt Lëtzebuerg keng Ambassade zu Abu Dhabi brauch. Déi rezent Erfarunge weisen, datt d’Iddi fir arabesch Investisseuren hei op Lëtzebuerg ze brénge souwisou déi falsch ass. Déi Ambassade kann zougemaach ginn.

D’ADR hannerfreet och déi iwwerproportional grouss finanziell Contributioune vun eisem Land fir déi international Organisatiounen. Si huet dowéinst haut eng parlamentaresch Ufro un den Ausseminister gestallt, fir eng detailléiert Opschlësselung vun alle lëtzebuergesche Contributiounen, souwuel a relative wéi an absoluten Zuelen, zu de verschiddenen europäeschen an internationalen Organisatiounen ze kréien an deenen eist Land Member ass oder aus soss Grënn contribuéiert. Si verlaangt och eng Opschlësselung no sougenanntenen „obligatoreschen“ a „fräiwëllegen“ Contributiounen an eng Erklärung ma, Verdeelungsschlëssel fir jiddfer eenzel vun deenen obligatoreschen, respektiv net obligatoresche Contributiounen.

D’ADR wonnert sech och, datt am Budget nach Sue fir eng international Organisatioun stinn, nämlech der Westeuropäescher Unioun, déi scho laang opgeléist gouf.

Fir de Budget vun der Europäescher Unioun stinn am Budget vum Ausseministère – souwäit eenzel opgeschlësselt – nëmme ronn 44.000 Euro. D’ADR verlaangt eng detailléiert Lëscht mat alle lëtzebuergesche Contributiounen zum EU-Budget, egal vu wéi enger Natur an aus wéi engem Ministère oder Verwaltung, fir e Gesamtiwwerbléck ze kréien. D’ADR verlaangt och, datt déi lëtzebuergesch Regierung sech bei den aktuelle Budgetsverhandlungen an der Unioun fir eng drastesch Reduzéierung vun deem Budget soll engagéieren. Si kritiséiert déi aktuell Politik vun der Regierung, déi sech fir eng Erhéijung vum EU-Budget an also och vun der lëtzebuergescher Contributioun fir d’EU asetzt. Fir d’ADR ass dat net akzeptabel. Wann heiheem muss gespuert ginn, muss och an Europa gespuert ginn.