Sport fir Jiddereen!

D’ADR huet den 27. Juni hiren Accord gi fir den Ausbau vu sportlechen Infrastrukturen zu Lëtzebuerg. De Fernand Kartheiser huet dobäi betount, datt een awer beim Sport net just däerf un de Spëtzesport denken, mee datt et och eng gesellschaftlech Verflichtung ass, datt de Sport jiddereen erreeche soll: Och eis eeler Matbierger an eis Matbierger mat engem Handicap solle kënne vu sportlechen Aktivitéite profitéieren. Eis Infrastrukture mussen dann och esou ugepasst ginn, datt si fir all Mënsch accessibel sinn. Och beim Schoulsport gesäit d’ADR nach Verbesserungspotential.

 

Deel dëse Post: