Soutien de campagnes électorales à l’étranger

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

An engem rezenten Interview huet den Här Staatsminister bekannt ginn, datt e gefrot ginn ass, ob e wéilt déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel am Walkampf fir d’Bundestagwalen ënnerstëtzen, an datt e schonns zougesot hätt. Et wier net fir d’éischt, datt sech e Member vun der Lëtzebuerger Regierung an där Form an e Walkampf, deen am Ausland stattfënnt, amëscht.

Dowéinst wéilt ech dem Här Staatsminister an dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

  1. Wat fir eng Reese sinn an deem Kontext elo schonns fir dëst an d’nächst Joer virgesinn?
  2. Ass den Här Staatsminister den eenzege Member vun der Lëtzebuerger Regierung, dee wëlles huet sech an deenen nächste Méint am Kader vun enger Walkampagne ze deplacéiere fir eng auslännesch Partei z’ënnerstëtzen?
  3. Wie kënnt finanziell fir all déi geplangte Reesen op?
  4. Wien ass an der Vergaangenheet fir all déi Reesen, an deenen et haaptsächlech drëms gaangen ass, datt e Regierungsmember eng auslännesch Partei ënnerstëtzt huet, finanziell opkomm?
  5. Sinn d’Häre Ministeren net der Meenung, datt gegebenefalls héchstens d’Parteien, mä op kee Fall de Steierzueler misst däerfe fir dës Reesen opkommen?
  6. Wat déi ugekënnegt Reese vum Här Staatsminister fir d’Madame Merkel z’ënnerstëtzen ugeet, ginn se vun der CDU oder vun der CSV bezuelt?

 Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser,

Deputéierten

Deel dëse Post: