E Mëttwoch de 7. Dezember streiken d’Aarbechter aus der Stolindustrie fir d’Erhale vun hiren Aarbechtsplazen. D’ADR ass solidaresch mat deene ville Betraffenen, déi ëm hir berufflech Zukunft musse fäerten, a rifft hir Membren op, sech dëser Aktioun unzeschléissen. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei erënnert awer och un d’Verantwortung vun der CSV-LSAP Regierung fir d’Zukunft vun der Stolindustrie.

r. D’ADR ass verwonnert, wéi wéineg d’Regierung, an zum Deel déi betraffe Gemengen, op d’Decisioune vum Här Mittal reagéiert hunn. D’CSV-LSAP Regierung huet eng Matverantwortung iwer d‘Schicksal vun der Lëtzebuerger Stolindustrie. Wéi 2006 Arcelor u Mittal verkaf gouf, war de Lëtzebuerger Staat de gréissen Aktionär vum Arcelor-Grupp an zwee Membren vun der LSAP, de John Castegnaro an den Jeannot Krecké, hu sech am Verwaltungsrot ofgeléist.

Am Juni 2006 hat de Premier Minister Jean-Claude Juncker an der Chamber behaapt, Garantië fir eis Stolstanduerter ze hunn. Wat sinn dës Garantien haut nach wäert? Wou, a vu weem ginn haut d’Decisioune geholl iwwert d’Lëtzebuerger Wierker, an doriwwer eraus déi an der Groussregioun, déi historesch der Arbed an Arcelor gehéiert hunn?

D’ADR verlaangt vun der Regierung, datt si den Här Mittal konsequent un seng Verspriechen an seng Sozialverantwortung erënnert. Weider muss d’CSV-LSAP Majoritéit derfir suergen, datt dat legislativt a fiskalescht Ëmfeld stëmmt, fir datt weider eng industriell Produktioun zu Lëtzebuerg rentabel bleift, souwuel fir d’Stolindustrie wéi fir aner Betriber.

D’ADR begréisst, datt Salarieeën iwwert de Wee vun der „Cellule de reclassement“ an de Beschäftegungsinitiative gehollef kréien, ass awer der Meenung, datt dës Moossnamen nëmmen eng kuurzfristeg Solutioun däerfe bleiwen. Laangfristeg brauch eist Land och genuch industriell Aarbechtsplazen fir Leit, déi an der Produktioun schaffen an domadder hiert Brout verdéngen.

Weider gëllt dass d’Regierung Suerg muss droen datt den Deciounszenter vu wichtege Betriber, wéi Luxair, Cargolux, Dexia-BIL, BGL-BNP Paribas zu Lëtzebuerg bleift, dëst ëmsou méi wann de Staat un esou Sociétéite bedeelegt ass.