Senkung vun der TVA – méi Käschte wéi Notzen

Duerch de provisoreschen Accord vun der Tripartite soll d’TVA ëm ee Prozent erofgoen. Fir d’Geschäfter bedeit dës Ëmstellung fir d’éischt emol Zousazkäschten, déi d’Leit ausserdeem kaum entlaaschten. Firwat huet d’Regierung hei net méi Courage gewisen? Eng parlamentaresch Fro vum Roy Reding:

Fro

D’Tripartite koum zu engem prinzipiellen Accord. D’TVA soll ëm ee Prozent erofgesat ginn, fir d’Inflatioun ze bremsen an d’Betriber ze entlaaschten. Eng kuerzfristeg Ännerung vun de Präisser bréngt fir d’Betriber awer nees weider Erausfuerderungen a Käschte mat sech. D’Comptabilitéit muss groussflächeg ugepasst ginn, d’Etikette mussen ausgetosch ginn asw. Um Enn entsti fir d’Betriber also just Zousazkäschten, wärend och d’Clienten den Effekt opgrond vun der allgemenger Präisdeierecht kaum spieren.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës dréngend Fro stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen, wéi déi Decisioun begrënnt ass, fir an der aktueller Noutsituatioun keng méi substanziell Reduzéierung vun der TVA virzehuelen, déi et de Betriber erlaabt hätt, souwuel d’ Ëmsetungskäschte vun esou enger Moossnam ze droen, wéi och eng reell Entlaaschtung un d’Cliente weider ze ginn?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding – Deputéierten

Äntwert

De prinzipiellen Accord an der Tripartite, an deem d’Reduktioun vun der TVA ëm 1% een Element vu villen ass, muss als Ganzt gekuckt ginn an ass d’Resultat vu Kompromësser, op déi déi dräi Verhandlungspartner sech zesumme gëeenegt hunn.

De Premierminister, Staatsminister – (s.) Xavier BETTEL

Deel dëse Post: