Schutzmaske fir jidfereen oder awer net?

Et léiert een ëmmer bäi. Wann et fir d’éischt geheescht huet, datt Schutzmasken an der Corona-Kris nëmme fir Infizéierter gutt sinn, fir keng aner Leit unzestiechen, sinn dës awer ëmmer och vum medezinesche Personal gedroen ginn. An de leschten Deeg ass och zu Lëtzebuerg vu Wëssenschaftler an Dokteren eng Maskeflicht gefuerdert ginn an de Wäert vun esouengem Schutz erfirgestrach ginn. D’Regierung gesäit dat, esou wéi och d’Weltgesondheetsorganisatioun, anescht. De Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen wëllen elo Kloerheet.

Deel dëse Post: