Schoultransport als Verloschtgeschäft?

Säit dem 1. Mäerz 2020 gëllt den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg als “gratis”, wat näischt anescht heescht, wéi datt en op anere Leit hir Käschte finanzéiert gëtt. D’Regierung huet sech zwar entspriechend op d’Schëller geklappt, mee am Ablack féieren ausgerechent déi vun hir selwer verursaacht Energiepräisser eis dee Selbstbedruch däitlech virun Aen. Busentreprisen, déi sech ëm de Schoultransport këmmeren, huelen hir Verantwortung am Moment mat eegene Verloschter. Wéi et an enger RTL-Emissioun geheescht huet, geet den Tarif vum Staat emol net méi duer, fir de Bensinn ze bezuelen. Gesäit d’Regierung op mannst vir, fir hei nozebesseren?

Deel dëse Post: