Eng Sportshal am Héichwaassergebitt?

Den 30. Mäerz huet den ADR-Deputéierte Fred Keup an enger parlamentarescher Fro seng Bedenke geäussert, déi nei Sportshal vum Iechternacher Lycée ausgerechent am Héichwaassergebitt ze bauen. An hirer Äntwert huet d’Regierung dee Risiko erofgespillt, ma kaum zwee Méint drop krut de Fred Keup op traureg Manéier Recht. Souwuel d’Baustell fir déi nei Sportshal vum Lycée, wéi och d’Sportshal an d’Schwämm vun der Gemeng, béid Säit Jore reegelméisseg iwwerschwemmt, déi bis dohi vum Lycée matbenotzt goufen, goufen haart getraff.  De fréieren Enseignant huet doropshin eng Rei pertinent Zousazfroen un d’Regierung gestallt. Ma obwuel d’Regierung verflicht ass, ënnerhalb vun engem Mount ze äntweren an, datt d’Schoul mëttlerweil rëm amgaangen ass, stellt d’Regierung sech dout.  Wéi dunn an der Presse ze liese war, huet d’Iechternacher Gemeng lo bekannt ginn, datt hir Infrastruktur onwidderrufflech verluer ass an och d’Opriichte vun engem Provisorium op mannst puer Méint dauert. Wat bedeit deen Desaster fir de Schoulsport, souwuel vum Lycée, wéi vun der Primärschoul?

Fir endlech Liicht an d’Donkel ze bréngen, huet de Fred Keup eng dréngend parlamentaresch Zousazfro un d’Regierung, notamment de Schoulminister Claude Meisch (DP) geriicht. Just, fir d’Decisioun iwwer d’Urgence läit d’lescht Wuert beim Chamberspresident Fernand Etgen (DP). Dësen huet d’Drénglechkeet net unerkannt! D’ADR huet héchste Respekt virum Amt vum éischte Bierger vum Land, mee an dëser Affär hannerléisst seng Decisioun  e ganz schlechte, parteipolitesche Bäigeschmaach.

Hannergrond:

Deel dëse Post: