Schoulpolitik a Corona-Zäiten: D’ADR weist de Wee!

A senger Interventioun vum 11. Juni betount de Fernand Kartheiser, datt sech déi vun der ADR proposéiert Mesuren am Hibléck op d’Schoulpolitik a Corona-Zäiten als richteg erausgestallt hunn. De Süd-Deputéierte verweist drop, datt d’ADR sech ëmmer fir de fräiwëllege Choix vum Homeschooling ausgeschwat huet. Wier d’Regierung deemols op de Wee gaangen, missten elo net esou e chaotescht Gesetz gestëmmt ginn – e Gesetz, wat méi, ewéi improviséiert wierkt a weist, datt de Schoulministère där aktueller Situatioun net gewuess ass, an dëst op Käschte vun de Schoulkanner.

Deel dëse Post: