Schonn nees Lëtzebuerger Entwécklungsgelder fir en ondemokratesche Staat?

De mëttelamerikanesche Staat Nicaragua befënnt sech ëmmer méi um Wee fir an eng autoritär Diktatur. D’Mënscherechter gi mat Féiss getrëppelt, Membere vun der Presidentefamill besetze Schlësselfunktioune beim Staat, bei Demonstratioune géint d’Regierung kommen 300 Leit gewaltsam ëm d’Liewen. Eng traureg Entwécklung, wéi se leider ëmmer rëm fir kënnt. Wat awer hei besonnesch erféiert: Nicaragua bezitt Kooperatiounshëllef aus Lëtzebuerger Steiergelder. Wéi kann dat sinn? Gëlt d’Anhalung vun de Mënscherechter nach als Viraussetzung fir kënnen ëffentlech Gelder vum Lëtzebuerger Staat ze bezéien? 

Hannergrond:

Et ass net méi déi éischte Kéier, datt d’Regierung mat der Iwwerweisung vu Kooperatiounsgelder un ëmstridde Staaten opfält. Am Mäerz hunn sech déi nämmlecht Froe scho fir den Niger gestallt.

Deel dëse Post: