Schonn nees en Eclat duerch den Här Asselborn?

De Lëtzebuerger Bausseminister Jean Asselborn ass bekannt duerfir, vis-à-vis vu gewielten auslännesche Staats- a Regierungscheffe verbal ausfälleg ze ginn. Mee offenbar geet d’Beleidegung vum ungareschen a polnesche Vollek dem Här Asselborn neierdéngs net méi duer. Lo fänkt hien offenbar och nach un, sech an Ugeleeënheeten ze mëschen, déi eigentlech an d’Kompetenz vum Wirtschaftsministère misste falen. Wéi reagéiert den Här Bettel als Regierungschef op dësen neien Affront vu sengem Bausseminister? A wat seet dee betraffene Minister a Parteikolleeg Franz Fayot?

Deel dëse Post: