An den Arcelor-Mittal Wierker vu Schëffleng a Rodange gëtt vum 1. Oktober un näischt oder nach ganz wéineg produzéiert, an et ass ze fäerten datt déi zwee historesch Sitë ganz zougemaach ginn. D’ADR ass iwwert dës Ukënnegung déif betraff, awer och veriergert, ganz besonnesch well Verspriechunge vum Premier Minister Jean-Claude Juncker sech als eidel Seefeblosen eraus stellen. Doduerch mussen honnerte vu Leit sech Suergen ëm hir Zukunft maachen.

321 Aarbechtsplaze ginn an de fréieren Arbed Schmelzen zu Schëffleng an zu Rodange ofgebaut, an dës komme bei déi 262 derbäi déi schonns am Juni ofgebaut gi sinn. De schwaarzen Dag fir d’Stolindustrie, deen zwee historesch Sitë ganz besonnesch betrëfft, ass d’Konsequenz vum Verkaf vun Arcelor un den indesche Maharaja viru 5 Joer, dëst zu engem Zäitpunkt wou de lëtzebuerger Stat, iwwert d’Efforte vun alle Steierbezueler, de gréissten Aktionär vun Arcelor war.

De 27. Juni 2006 huet de Premier Minister Jean-Claude Juncker an enger Deklaratioun d’Fusioun vun Arcelor a Mittal an der Chamber virgestallt. Bei dëser Geleeënheet sot en: „Déi Garantië fir d’Stolstanduerter zu Lëtzebuerg hu mir awer kritt“. Wann dat esou ass, wann een dem Premier Minister seng Wieder däerf gleewen, dann ass jo alles an der Rei, et ka Schëffleng a Rodange näischt passéieren! D’ADR fuerdert de Premier Minister op: leet ons déi Garantien op den Dësch, fuerdert se vun Arcelor-Mittal an! Oder de Premier hat keng Garantien, an dann huet en d’Chamber an d’Land belunn.

An der selwechter Ried huet de Jean-Claude Juncker behaapt datt „déi Leit, déi op eise Schmelze schaffen, maximal Garantien hunn, wat d’Erhalung vun hirer Beschäftegung ubelaangt“. A weider : „Mir hunn all Garantië vu Mittal kritt, dass et bei enger staarker Vertriedung vum Salariat (…) géif bleiwen“. Här Juncker, wat ass aus dëse Versprieche ginn? Wousst d’Regierung – ëmmerhi sëtzt de sozialistesche Minister Jeannot Krecké am Verwaltungsrot vum Stolgigant – eng Woch virun der Ukënnegung vun der Schléissung vu Schëffleng a Rodange näischt dovun? A wann se et dach wousst, firwat huet se dann, bei de Feierlechkeete fir 100 Joer Stolindustrie, de Mond gehalen? Här Juncker, wéi steet et mam Primat vun der Politik iwwert d’Wirtschaft?

D’ADR fuerdert d’Regierung op, de betraffene Salarieeën hir Suergen eescht ze huelen an hinnen déi noutwenneg Ënnerstëtzung entgéint ze bréngen. Weider muss hinnen an och de Gemengeresponsabelen d’Wourecht gesot ginn, an noutfalls déi noutwenneg Entscheedungen ëm d’Zukunft vun dëse Sitë schnell getraff ginn.