Schluss mat Wunnengspolitik à la Gambia!

Fënnef Joer hat Gambia elo Zäit, sech mat der Wunnengsproblematik ze beschäftegen; fënnef Joer, an deenen d’Präisser fir Wunnraum op e Rekordhéich geklomme sinn. Puer Méint virun de Wale sicht d’Regierung elo den Dialog mat de gewielte Volleksvertrieder – eng Aewëscherei, esou den ADR-Deputéierte Roy Reding a senger Chamberinterventioun vum 1. Mäerz. An enger Zäit, wou de lénke Fligel sech staark mécht fir staatlech Enteegnungsprozeduren, plädéiert d’ADR an aller Däitlechkeet fir d’Recht op Eegentumsbildung. Nieft enger gudder Gesondheet ass Eegentumsbildung ee vun de Grondpiliere fir eng laangfristeg an erfollegräich Liewensplangung. Eegentumsbildung bedeit sozial Ofsécherung am Alter; Eegentumsbildung bedeit sozialen Opstig; Eegentumsbildung a Form vu Wunnraum bedeit finanziell Plus-Value; Eegentumsbildung ass dofir verantwortlech, datt Leit aus einfache Verhältnisser sech eppes kënnen opbauen. (Extrait 1’19”).

Natierlech ass et illusoresch ze mengen, datt all Mënsch iergendwann zu Eegentum a Form vu Wunnraum ka kommen – leider. De Roy Reding plädéiert dofir, datt ee virun allem Leit, déi aus méi prekäre Verhältnisser kommen, net aus den Ae verléieren däerf. Et soll een dohier Privatinvestisseuren encouragéieren, sozial Mietwunnengen ze bauen – déi kënnen dat nämlech besser a méi séier wéi de Staat.

Gambia huet häerzlech wéineg gemaach, fir de Bierger bezuelbare Wunnraum zur Verfügung ze stellen – am contraire: Eng vun den éischte Mesure vun der Regierung war, d’TVA ëm 14 % ze erhéijen. (Extrait 1’00”). D’Auswierkungen op de Wunnengsmaart ware fatal. Fatal ass och, datt d’Regierung net zur Besënnung kënnt, datt een dach endlech déi ëmständlech an oft onnéideg Prozedure fir de Bau vu Wunnraum vereinfache muss. Dës Prozeduren huele mat Momenter absurd Ausmoossen un, esou de Roy Reding. (Extrait 0’29”).

Natierlech däerf een och d’Wuesstemsdebatt net ausser Uecht loossen: e verstännege Wuesstem suergt nämlech fir verstänneg Wunnengspräisser (Extrait 1’19”).

Mat der ADR an der Regierung wäert Schluss si mat steinzeitkommunisteschen Iddien, Leit wëllen ze enteegnen. Am Interessi vum Land suerge mir fir bezuelbare Wunnraum fir jiddereen.

Deel dëse Post: