Schluss mat der Bürokratiséierung vun der HORECA!

Säit dem 16. Mee 2021 dierfen d’Wiertsleit an d’Restaurateuren hir Clienten no laange baange Méint endlech neels dobannen zerwéieren. Ma wat virdrun eng Plaz vum entspaante gesellschaftlechen Zesummeliewe war, gëtt dank der Regierung ëmmer méi an en administrativen Dschungel verwandelt. Schnelladrer, wann ee wëll an de Restaurant ran!? Dat heescht, de Gang op Toilette gëtt fir Clienten ob der Terrasse och illegaliséiert, oder wéi ass dat ze verstoen!? Déi psychologesch Gesondheet vun der Gesellschaft hat d’Regierung bei dëser Decisioun sécher net am Bléck.

Deel dëse Post: