Schluss mam ongerechte Walsystem

D’ADR-Parteispëtzt huet an hirer Pressekonferenz vum 23. Oktober en éischte Bilan vun de Chamberwalen 2018 gezunn: Et ass een zefridden, well een an alle Walbezierker substantiell konnt zouleeën. An der Persoun vum Jeff Engelen ass  fir d’ADR och de Bezierk Norden erëm an der Chamber vertrueden. Trotzdeem ass et kee Geheimnis, datt d’Partei och op e Sëtz am Oste gehofft huet, deen si just ganz knapp verfeelt huet. Schold fir de verpasste Sëtz ass an éischter Linn e verfassungswidderege Walsystem: eng Stëmm am Osten an am Norden zielt wesentlech manner, wéi eng Stëmm am Zentrum. Dëst ass eng uerg Violatioun vum Gläichheetsprinzip, esou wéi en an der Verfassung verankert ass: ” Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi”. Hätt den Osten dat selwecht Stëmmrecht wéi den Zentrum, wär de fréieren Deputéierten an ADR-Éierepresident Roby Mehlen op e Neits an d’Chamber gewielt ginn. D’ADR huet schonns viru fënnef Joer eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert, fir därer Ongerechtegkeet en Ënn ze maachen – an déi ass mat 57 Nee-Stëmmen an dräi Jo-Stëmme verworf ginn. De Roby Mehlen huet an deem Kontext d’Walresultat viru Geriicht ugefecht an ass bereet, all Regëster ze zéien, fir datt Lëtzebuerg an Zukunft endlech e gerechte Walsystem kritt.

Weider Theme vun der Pressekonferenz waren ënnert anerem d’Verfassungsreform an déi dacks ongerecht Manéier, wéi d’Press am Walkampf mat der ADR verfuer ass.

Deel dëse Post: