Pressekommuniqué Bezierk Norden: D’ADR zur Schléissung vun der Dikkrecher Brauerei

D’Schléissung vun der Dikkrecher Brauerei féiert eis drastesch virun Aen, wéi séier wirtschaftlech Verännerungen Leit ëm hir Aarbechtsplaz an hirt Akommes brénge kënnen. D’ADR wëll duerfir deene betraffene Mataarbechter vun der Dikkrecher Brauerei hir Solidaritéit an hir Ënnerstëtzung ausdrécken.

Dës Décisioun vun der Direktioun werft Froen op iwer d’Auswiirkungen vun enger ëmmer méi unternehmensfeindlecher Politik, déi déi lescht Regierungen hei zu Lëtzebuerg bedriwwen hunn, an déi derzou gefouert huet, datt Lëtzebuerg fir vill Betriber nët méi attraktiv ass. Onnéideg Paperassen, Schikanen an Oploen, onendlech laang Délaien bei Genehmigungen an sou weider sinn d’Suiten vun enger Politik, déi eesäiteg op den Erfolleg vun der Finanzplaz gebaut huet, an déi aner wirtschaftlech Aktivitéiten nët nëmmen vernoléissegt, mee hinnen d’Liewen ëmmer méi schwéier gemaach huet.

Déi betreffend Kloen aus mëttelstännesche Betriber sinn nët aus der Loft gegraff, an et muss een all déi félicitéiren, déi ënner dësem extreme Bürokratissem bis elo nach nët d’Kromm an d’Heck gehäit hunn. D’Tatsaach, datt ronn 90 Prozent vun de jonke Lëtzebuerger eng Plaz am ëffentlechen Déngscht ustriewen amplaz sech selbstänneg ze maachen, an d’Tatsaach, datt ganz vill mëttelstännesch Betriber nët vun de potenziellen Betribsnofolger weidergefouert ginn, seet jo och genuch. Dat ass awer nët deene Jonken hir Schold, mee d’Folleg vun enger verfeeltener Politik.

An engem oppene Wirtschaftsraum ouni Grenzen an der EU sinn sou Delokalisatiounen nët ze verhënneren, mee et ass schonn opfälleg, datt dës Décisiounen meeschtens zu Ongonschten vu Lëtzebuerg geholl ginn. Dat ass elo och rëm eng Kéier zu Dikkrech de Fall.

D’ADR ënnerstëtzt all Beméiungen, déi drop erauslafen, fir dës bedauerlech Décisioun réckgängeg ze maachen an de Standuert Dikkrech ze erhalen. Si freet sech awer och, wéi wäit d’Regierung am viraus dovu Kenntnis haat, a wat si ënnerholl huet, fir dësen Debakel ze verhënneren. Jiddefalls geet et nët, fir den Entreprisen hei zu Lëtzebuerg d’Liewen schwéier ze maachen, an dann an der éischter Rei ze manifestéiren, wa Betriber zougemaach ginn, wéi eng Parti Majoritéitspolitiker et ëmmer erem fäerdeg bréngen.

D’ADR fuerdert d’Regierung an dëser extrem kritescher Zäit op, endlech Neel mat Käpp ze maachen an e betriblecht Emfeld ze schafen, wat mat deem vun anere Länner konkurréire kann.