Schlecht gelaf am Staatslabo

D’Chamberswoch ass e Mëttwoch, den 9. Dezember ugaang mat enger mëndlecher Frostonn. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen ass agaang op d’Problemer am Staatslabo (Video, 2 Minutten 05) zu Diddeleng. Eng Fra war mat Broschtkrieps operéiert ginn, well zwou Prouwe vertosch gi waren. Si hat duerno och nach Schwieregkeeten, fir iwwer eng DNA-Analyse d’Beweiser vum Staatslabo ze kréien, datt et zu dem Iirtum komm war. Gläich zwee Deputéierten hunn also d’Madame Lydia Mutsch iwwer dee Fall ausgefrot. An hirer Äntwert (Video, 6 Minutten 12) schwätzt d’Ministesch vun engem grousse Réckschlag fir de Staatslabo, deen an der Lescht vill Efforte gemaach hätt, fir sech ze professionaliséieren a si hofft, datt dat e bedauerlechen Eenzelfall bleiwt.

Deel dëse Post: