Genee wéi d’Gewerkschafte mécht d’ADR sech ganz grouss Suergen ëm d’Zukunft vun der Cargolux. Dowéinst gouf et e Freideg, den 28. September 2012, eng Entrevue tëschent enger Delegatioun vum OGBL „Syndicat Aviation civile“ an der ADR. Opgrond vun deem oppenen an intressanten Austausch vun Informatiounen an Iddie wäert d’ADR hir Beméiungen nach verstäerken, fir datt d’Interessie vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft, vun hirem Personal an doriwwer eraus vum Standuert Lëtzebuerg Virrang behale viru Kouhhändel mam Qatar. D’ADR rifft d’Regierung op, ouni laang ze waarden, sech op hiren Undeel vu 65% um Kapital vun der Fluggesellschaft ze beruffen an hir Verantwortung endlech z’iwwerhuelen.

Schafft d’Regierung fir Lëtzebuerg oder fir de Qatar ? Dës Fro stelle sech déi Verantwortlech vun der ADR no der intressanter Entrevue mat enger Delegatioun vum OGBL – Syndicat de l’Aviation civile. Et stelle sech vill Froen iwwert d’Zukunft vun der Cargolux, an doriwwer eraus iwwert déi vum Flughafen a vu Lëtzebuerg als Logistikzenter.

D’ADR wëll am Virfeld vermeiden, datt eng nei Situatioun wéi bei Arcelor-Mittal entsteet, an datt iwwert de Wee vu frieme Kapital d’Decisiounen iwwert eng systemesch wichteg Gesellschaft net méi zu Lëtzebuerg, mä an dësem Fall am Qatar geholl ginn. D’ADR erënnert d’Regierung mat Nodrock dorunner, datt de Staat indirekt 65% vum Kapital vun der Cargolux hält, an datt dës Participatioun och Verantwortung fir d’Gesellschaft a fir d’Personal mat sech bréngt.

D’Cargolux brauch neit Kapital. D’ADR ass entsat iwwert déi rezent Ausso vum Etienne Schneider, Wirtschaftsminister, deen aus Russland mellt, datt et net ausgeschloss ass, datt Qatar Airways méi wéi hir aktuell 35% vum Kapital kéint iwwerhuelen. D’ADR fuerdert mat Nodrock, datt Lëtzebuerg säin Undeel vu 65% am Kapital un der Cargolux op d’mannst bäibehält. Well d’Cargolux eng systemesch Gesellschaft ass, déi d’Zukunft vum Flughafen a vum Logistikzenter matbestëmmt, kann d’ADR sech virstellen, datt de Lëtzebuerger Staat d’Kapitalerhéijung deelweis iwwert en Emprunt finanzéiert, esou wéi et och fir d’Rettung vun de Banken de Fall war.

D’ADR fuerdert och d’Regierung an hir Vertrieder am Verwaltungsrot vun der Fluggesellschaft op (déi jo nach ëmmer d’Majoritéit hunn), datt d’Maintenance ënner allen Ëmstänn muss um Findel erhale bleiwen. Et geet hei ëm méi wéi 500 Aarbechtsplazen, wat u sech eleng schonns wichteg genuch wär, mä och ëm d’Sécherheet an der Aviatioun an ëm eng ganz Filière déi mat der Ausbildung am Lycée Technique Emile Metz ufänkt. Et brauch een net op Etuden ze waarden, déi beweisen, datt en indeschen Techniker am Qatar manner verdéngt wéi e Lëtzebuerger Techniker zu Lëtzebuerg, fir ze decidéieren datt d’Cargolux-Fliger weider an der neier Hal um Findel gewartet ginn!

Op kee Fall kann d’ADR acceptéieren, datt d’Zukunft vun der Cargolux op d’Spill gesat gëtt wéinst engem hypotheteschen „Gesamtdeal“ mam Qatar, an datt et zu engem Amalgam kënnt tëschent den Intressie vun der Aviatioun an der Bankeplaz! Am Géigendeel, d’ADR verlaangt datt d’Regierung d’Land net economesch ofhängeg mécht vun engem arabeschen Emirat oder soss enger anerer Natioun. D’Lëtzebuerger Regierung muss sech endlech nees bewosst ginn, datt se gewielt ass fir d’Lëtzebuerger Intressien ze vertrieden.

D’Delegatioun vum OGBL – Syndicat Aviation Civile war zesummegesat aus dem Hubert Hollerich, Secrétaire central, dem Joël Krier, Vizepresident, an dem David Massaro, President vun der Personaldelegatioun. Si gouf an der ADR empfaange vum Fernand Kartheiser, President an Deputéierten, vum Jacques-Yves Henckes, Deputéierten, a vum Liliana Miranda, Attachée parlementaire.

Question parlementaire: Vente d’actions de Cargolux à un investisseur qatari