Russland, Sanktiounen, Energiepolitik, Index: den Tëppelchen op den “i”

D’Situatioun zu Lëtzebuerg, wat Energiepräisser a Liewenskäschten ugeet spëtzt sech zou. Dat erklärt vläicht, firwat de FErnand Kartheiser haut de mueren eng Grëtz manner diplomatesch wéi gewinnt, d’EU-Sanktiounspolitik an eis Regierung kritiséiert huet. Als Gaascht vun der RTL-Redaktioun huet hie kee Blat virun de Mond geholl an eng ganz Rei Wourechte gesot – hei nëmmen e puer erausgepickt:

  • d’EU-wäit Sanktioune beim Ukrainkrich treffen d’Europäer méi wéi d’Russen a sinn onwierksam; 
  • de Krich an der Ukrain muss esou séier mat Verhandlunge gestoppt ginn;
  • d’Regierung muss mat enger Verlängerung vum Tankrabatt an weidere Moossnamen dem Bierger hëllefen iwwert dëst Zäit ze kommen;
  • den Index muss bäibehale ginn, an d’Entreprisen, déi en ze bezuelen hunn, musse gehollef kréien;
  • den Tanktourismus ass eng wichteg Stäip vum Lëtzebuerger Budget a soll et bleiwen;
  • d’Energiepolitik ka sech net ideologesch an exklusiv op erneierbar Energie stäipen, mee muss sécher a bezuelbar sinn an däerf och wa néideg mat Atomkraaftwierker fueren.

Vun dëser éierlecher Interventioun ass all Sekonn derwäert nogelauschtert zeginn – RTL – Invité vun der Redaktioun (1. September) – Fernand Kartheiser: Sanktioune géint Russland “si sënnlos” an “erreechen hiert Zil net”

Deel dëse Post: