RTL entschëllegt sech bei der ADR

De franséischsproochegen Internet-Kuerznoriichtendéngscht vum RTL, 5’Minutes, hat an engem Artikel vum 27. September d’ADR mam Rietsextremismus a Verbindung bruecht. De Parteipresident Jean Schoos huet sech doropshin an engem Bréif beim Responsabele vun den Online-Inhalter vum RTL beschwéiert an drop higewisen, datt d’ADR als demokratesch gewielte Partei, déi zanter méi ewéi 25 Joer um Krautmaart vertrueden ass, zu kengem Moment rietsextremistesch Positiounen ergraff huet.
Den RTL huet sech an deem Zesummenhang telefonesch bei der Partei entschëllegt. De 5’Minutes schwätzt nodréiglech vun enger «tournure maladroite et non fondée». Déi betreffend Formuléierung ass vum Site gelëscht ginn.

Deel dëse Post: