Roy Reding fuerdert eng wierdeg Tutelle

Ronn 4.000 Leit si vun Tutellen hei am Land betraff. Grond fir de Roy Reding, an enger erweiderter Fro en Dënschdeg, den 8. Mäerz, an der Chamber op déi Prozedur anzegoen, déi a Länner wéi Däitschland, Éisterräich an der Schwäiz ofgeschaaft ginn ass. De Roy Reding freet besonnesch, op net ze dacks an ze séier hei am Land Tutelle gesprach ginn. De Roy Reding erënnert drun, datt net ëmmer human Motiver den Ursprong vun der Prozedur sinn. Hie weist och op munnech Fäll hin, wou einfach mënschenonwierdeg Situatiounen entstinn, a freet, op en Tuteur däerf en Diktator sinn? Besonnesch um Häerz, am Fall wou Lëtzebuerg esou eng Prozedur an där Form néideg huet, läit him d’Méiglechkeet, selwer bei kloerem Kapp e potenziellen Tuteur ze bestëmme fir an deem Fall wéinstens mat enger Vertrauenspersoun ze dinn ze hunn. Aus der laanger Äntwert vum Justizminister wëlle mer eng Absichtserklärung zitéieren, déi leider net an alle Fäll garantéiert ze si schéngt.

Deel dëse Post: