Roude Schéierschwanz a Wandanlagen: Existenz a Gefor

Ufank September ass nees en doudegen Roude Milan, deen d’Affer vun enger WAndanlag ginn ass, hei am Land fonnt ginn. Elo sinn net nëmmen d’rout Schéierschwänz (wéi si op Lëtzebuergesch heeschen) mee och d’Wandanlagen hei am Land an hirer Existenz bedreet. Well d’Associatioun „natur & ëmwelt“ fuerdert e Stopp fir d’Wandanlagen, esou laang de Raubvull hei am Land seng Kreeser dréit also vun halwem Februar bis halwen November. Kaum denkbar, datt d’Erriichten vun deenen ellene Ventilateren, déi Tonne Betong a Kompositmaterialie brauchen an domat eng Risebelaaschtung fir d’Ëmwelt sinn, nach iergendwéi kéint Sënn maachen. Genee dat wëllt de Fernand Kartheiser mat enger parlamentarescher Fro confirméiert hunn.

Deel dëse Post: