An der Familljekommissioun vum 23. Oktober 2012 ass ënner anerem de Rapport vun der Madame Mediateur Lydie Err iwwer d’Situatioun an de sozio-edukative Strukture vum Staat zu Dräibuer an zu Schraasseg ugeschwat ginn. An dem Zesummenhank ass d’ADR op déi Kritiken un der Aarbecht vum Ombudsman agaangen, déi besonnesch och vum fréiere President vum Jugendgeriicht an engem Bréif vum 10. September 2012 un de President vun der Chamber ernimmt goufen. D’ADR huet gemengt, dat een déi Kritike misst ganz eescht huelen a fir d’éischt diskutéiere fir ze wëssen, a wéi engem geneeë Kader d’Kommissioun de Rapport vum Mediateur iwwer déi sozio-edukativ Strukture kéint analyséieren.

Déi Froen, déi sech am Zesummenhank vun där Manéier stellen, wéi den Ombudsman seng Aarbecht mécht a säi Mandat interpretéiert, beréieren elementar Froe vum Rechtsstaat. Nom Gesetz iwwer den Ombudsman vun 2003 ass et der Chamber hir Aufgab, d’Aarbecht vum Ombudsman ze kontrolléieren.

D’Chamber muss sech lo d’Fro stellen, ob der Madame Mediateur hir Demarchen all juristesch fondéiert woren an ob all Interventioune vun hir an hire Servicer opportun waren. Besonnesch d’Kommunikatioun a verschiddene Spideeler vu medizineschen Informatiounen iwwer Patienten un d’Madame Mediateur an hir Servicer stellt Froen iwwer de Respekt vum Dokteschgeheimnis (Secret médical). Ausserdeem muss d’Chamber sech och d’Fro stellen, wéi eng Etablissementer de Critèrë vun engem „établissement de surveillance“ entspriechen, déi den Ombudsman am Exercice vu senge Präventiounsmissiounen däerf a soll besichen.

Fir d’ADR besteet keen Zweifel, datt d’Aarbecht vum Mediateur muss zu méi Transparenz an de Prisongen an de sozio-edukative Strukture bäidroen. Grad sou sécher ass awer och dat d’Privatliewen an d’Familljeliewe vun alle betraffene Persounen a vollem Ëmfank muss respektéiert ginn. Dozou ass de Respekt vum Beruffsgeheimnis eng absolut noutwenneg Konditioun.

D’Opportunitéit vun der Interventioun vun externe Kontrollmechanismen a sozio-edukative Strukture wär dann a Fro gestallt, wann den Exercice vun der Kontroll den Erzéiungsoptrag als solche kéint hannerfroen oder d’Aarbecht vun den Erzéier kéint behënneren.

Dem Här Thorn säi Bréif

De Bréif un de Chamberpresident fir datt dës Fro an der zoustänneger Commissioun diskutéiert gëtt