“Respect.lu”: Ëmmer méi grouss Radikaliséierung vu Kanner?

Säit 3 Joer këmmert sech de Service « Respect.lu » em Fäll vu Radikaliséierung, sief et vu reliéiser, politescher oder anerer Natur. An engem Artikel aus dem « Le Quotidien » vum 27. November 2020 mam Titel « Déradicalisation : Le lien social, facteur clé » heescht et datt wärend dem Joer 2019  eng relativ grouss Unzuel vu Radikalisatioune bei Kanner tëschent 10 an 12 Joer vum besote Service festgestallt gi wier. Zitat aus dem Artikel : «Nous avons eu un nombre préoccupant de personnes assez jeunes, à la fin du cycle primaire, c’est-à-dire âgées de 10 à 12 ans». Well esou eng Behaaptung ganz eescht ze huelen ass a fir dowéinst dem Phänomen op de Grond ze goe mam Zil de Problem méiglechst effizient unzegoen, dofir ass elo de Schoulminister gefuerdert.

 

 

Deel dëse Post: