Resolutioun fir Partei-Internetsäiten a “liichter Sprooch”

Den 23. November 2022 huet d’ADR eng Resolutioun an der Chamber agereecht, déi d’Chamber opfuerdert, déi eenzel Parteie finanziell a personell dobäi ze ënnerstëtzen, hir jeeweileg Internetsäit och a “liichter Sprooch” zougänglech ze maachen. Hei ass den Text vun der Resolutioun:

D’Chamber vun den Deputéierten

hält fest, datt:

  • all Mënsch d’Recht huet, sech eegestänneg iwwert d’Politik vun allen an der Chamber vertruedene Fraktiounen a Sensibilitéiten ze informéieren a sech eng eege Meenung iwwert hir Positiounen an hir Aarbecht ze bilden;
  • Mënschen, déi ugewise sinn op Informatiounen, déi liicht verständlech a liicht ze liese sinn, op Problemer stoussen, wa si sech am Internet iwwert déi politesch Aarbecht informéiere wëllen;
  • den digitalen Accès zu politeschen Informatiounen an Aarbechte vun deenen an der Chamber vertruedene Fraktiounen a Sensibilitéite fir déi betraffe Leit muss garantéiert ginn;
  • dëse Problem e méi systematesche Gebrauch vun der liichter Sprooch fir d’Kommunikatioun erfuerdert;

erënnert drun, datt:

  • Lëtzebuerg d’Ëmsetzung vun der Konventioun iwwer d’Rechter vun de Persoune mat Behënnerung aktiv ënnerstëtzt, wouduerch och am digitale Beräich verschidden Efforten néideg sinn;
  • all Mënsch d’Recht huet, selbstbestëmmt ze liewen a fir seng eegen Intressien a politesch Iwwerzeegungen anzetrieden;

decidéiert dowéinst, datt:

  • d’Chamber als Institutioun déi do vertruede Fraktiounen a Sensibilitéite mat finanziellen a personelle Mëttelen dobäi ënnerstëtzt, hir Internetsäit fir Mënsche mat Schwieregkeete beim Liesen a Verstoe vun Texter och a liichter Sprooch zougänglech ze maachen.
Deel dëse Post: