Remboursement vun enger Lipödem-Operatioun

An hirer gemeinsamer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen a Fred Keup schreiwen de Sozialminister an d’Gesondheetsministesch: „Zënter 2018 hëlt d’Krankeversécherung d’Käschte fir d’Operatioun vum Lipödem ab dem Stadium 3 en charge op Basis vum Artikel 19, Alinéa 3 vum Code vun der sozialer Sécherheet.“ Si schreiwen och: „D’Krankekeess huet an de leschten dräi Joer (2018-2020) 18 Autorisatiounen erausginn, fir d’Käschte vun enger Operatioun vun engem Lipödem ab Stadium 3 a Lëtzebuerg ze iwwerhuelen. Dovu goufen 9 Demandë fir e Remboursement erageschéckt an déi ugefale Käschte goufen zu 100 % iwwerholl.“ Wéi gesäit déi aktuell Situatioun aus fir Fraen, déi sech bei engem Spezialist am Ausland operéiere loossen?

Deel dëse Post: