Reliounsunterrecht gehéiert an d’Ëffentlechkeet an an d’Schoul [Videoen]

D’ADR huet de 7. Juli an der Chamber fir de Reliounsunterrecht gekämpft, dee vu Gambia ofgeschaaft ginn ass. De Fernand Kartheiser war frou, datt e bëssen iwwerraschend d’CSV och géint dat Oschafen an domat géint dee neie Wäerteunterrecht war. Dat war jo bei Trennung vu Kierch a Staat nach anescht.

Den ADR-Deputéierten ass strikt géint déi gesellschaftlech Gambia-Reformen, déi eis Gesellschaft wëllen zersetzen, dekonstruéieren, wéi hie seet. Reliounsunterrecht géing an d’ëffentlech Liewen gehéieren. De Staat hätt kee Meenungsmonopol an och kee Monopol op d’Ausbildung vun de Kanner. Reliounsunterrecht wär e Stéck Bildung, e Stéck Fräiheet an e Stéck Toleranz. Ausserdem wär d’Regierung no internationale Konventiounen verflicht, deen Unterrecht ze assuréieren, wann d’Elteren e géinge wëllen.

Deel dëse Post: