Rekrutement bei Luxtram: Lëtzebuergesch muss Konditioun ginn!

Den Tram fiert a muncheree wäert sech wonneren, firwat an deene Gefierer dacks Franséisch ze héieren ass. Dës Friemsprooch ass aus Sécherheetsgrënn als operationell Sprooch beim Tram bestëmmt ginn. Dat seet de Minister fir nohalteg Entwécklung François Bausch a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 2795 vum Deputéierte Fernand Kartheiser, vum 23. Februar 2017. Mat esou enger Äntwert fält de Minister der CFL an de Réck, déi am nämmlechte sproochleche Kontext ganz ouni operationell Sprooch d’Sécherheet vun hire Passagéier zënter ville Jore garantéiert.

Fir d’ADR ass d’Approche vu Luxtram eng Diskriminéierung, déi sech duerch all Posten-Profiller zitt. Dat ass duebel bedenklech, well d’Bedreiwerfirma vum Tram jo exklusiv an den Hänn vum Staat a vun der Gemeng Lëtzebuerg läit. Esou eng Approche ass och géint de Sënn vun eisem Sproochegesetz vun 1984. Besonnesch do, wou d’Trams-Personal am direkte Kontakt mat de Passagéier ass, geet esou eng Approche géint dat Bild vun der Méisproochegkeet vun eisem Land, op dat eis Regierung jo esou houfreg ass. Dës Situatioun ass och ganz wäit ewech vun de versprachenen Efforten, déi d’Regierung fir d’Promotioun vum Lëtzebuergesche maache wëllt.

Aus dësem Grond hat d’ADR en Donneschdeg, de 14. Dezember, an der Chamber eng Motioun deponéiert, fir d’Bedéngunge fir eng Rekrutéierung bei Luxtram ze änneren. Hei gouf verlaangt, datt och d’Lëtzebuerger Sprooch eng Konditioun an domat obligatoresch ass, fir e Poste bei Luxtram ze kréien an ze behalen. Dëst huet de Minister Bausch allerdéngs net fir néideg fonnt. Grad esou gewiert huet hien sech allerdéngs géint eng besonnesch Berécksiichtegung beim Rekrutement vu Fräiwëllegen aus der Arméi.

Et gouf och iwwert den Tarif diskutéiert, woubäi d’ADR scho laang dofir ass, datt den ëffentlechen Transport fir all Resident soll gratis sinn. Net just bestëmmte Leit solle vum Gratis-Transport oder vu Vergënschtegunge kënne profitéieren. Un dëser sozialer Approche, déi virun allem den Aarbechter a Salariéen aus dem Privatsekteur, déi praktesch eleng nach de vollen Tarif bezuelen, zegutt kéim, konnt den Deputéierten Alex Bodry vun der LSAP, der lëtzebuergescher sozialistescher Aarbechterpartei, kee Gefale fannen.

Beim Vote ass awer och de Wee vun der CSV opgefall, déi alt nees eng Kéier net wéi eng Oppositiounspartei ofgestëmmt huet, mee wéi de Frënd a Partner vu Gambia. D’CSV huet domat géint d’Lëtzebuerger Sprooch a géint d’Interesse vun de Fräiwëllegen aus der Arméi ofgestëmmt.

  • Motioun iwwer d’Bedéngunge fir e Rekrutement bei Luxtram.

 

Deel dëse Post: