Rekrutéierungsproblemer bei der Arméi: Propose vun der ADR

Am Pressekommunikee hei drënner huet d’ADR d’Fuerderung gestallt, fir dat geplangtent Arméi-Gesetz an zwee Deeler ze splécken a sech prioritär ëm d’Karriären vun den Zaldoten ze këmmeren. Dat, well déi aktuell Situatioun mat Krich an Europa däitlecht weist, datt d’Land sech muss d’Moyene ginn, fir seng Fräiheet noutfalls zesumme mat senge Partner ze verdeedegen. Konsequenterweis huet de parlamentaresche Grupp vun der PArtei an der Chamber elo och eng Kommissiounssëtzung ugefrot fir ze beroden, wéi een d’Zaldotekarriär aus dem neien Arméi-Gesetz eraustrenne kann, fir hei méi séier handlungsfäeg ze ginn.

Rekrutéierungsproblemer bei der Arméi: elo reagéieren

D’Lëtzebuerger Arméi ass zanter méi Laangem mat akute Rekrutéierungsproblemer konfrontéiert. Dat ass um Niveau vun de Volontairen de Fall, awer net nëmmen. An der Arméi feele Karriären, déi et an aneren Administratioune beim Staat scho laang gëtt. Obschonns de militäresche Beruff intressant an ofwiesslungsräich ass, verléiert d‘Arméi doduerch un Attraktivitéit. Dat geplangten neit Arméisgesetz, dat ënner anerem och nei Karriären an der Arméi virgesäit, wäert awer viraussiichtlech nach laang Zäit brauchen, bis et kann an der Chamber gestëmmt ginn.

Lëtzebuerg brauch − grad och an där aktueller internationaler Situatioun − eng personalméisseg a qualitativ effikass a gutt opgestallten Arméi.  Fir de Rekrutéierungsproblem  esou wäit wéi méiglech an esou séier ewéi méiglech ze léisen, plädéiert d’ADR dofir, an engem separate Gesetz iwwert d’Karriären an der Arméi ze legiferéieren an net déi geplangten, méi grouss Reform, ofzewaarden.

D’ADR bréngt dës Fuerderung an der Verdeedegungskommissioun vun der Chamber zur Sprooch.

Pressematdeelung vum 2. Mee 2022

 

Deel dëse Post: