Reglementatiounswut: Waasser an de Wäin w.e.g.!

An der Chamber war den 22. November eng Interpellatioun iwwer de Wäin. De Roy Reding huet geschwat, an hien huet vun der Geleeenheet profitéiert, fir déi iwwergrouss Reglementatiounswut a ville Beräicher ze kritiséieren. Net nëmmen d’Wënzer leiden un ëmmer neie bürokratesche Schikanen, d’ganz Land huet et genuch fir esou kugenéiert ze ginn, sou de Roy Reding zum Thema Amtsschimmel a Kontrollstaat.
Hien huet awer och vu Wäi geschwat a besonnesch bedauert, datt dat klengt Lëtzebuerg net genuch ganz gudde Wäin kéint produzéieren.

Deel dëse Post: