Regierungspolitik dreift ëmmer méi Leit an d’Aarmut

Wäit iwwer 100.000 Leit liewen am scheinbar räiche Lëtzebuerg un oder ënnert der Aarmutsgrenz – Tendenz steigend! Der Regierung fält dobäi näischt anescht an, ewéi duerch eng ideologesch a falsch Steierpolitik d’Liewenskäschte grad fir déi kleng Leit ëmmer weider an d’Luucht ze dreiwen. Am Numm vun der ADR fuerdert den Zentrumsdeputéierte Roy Reding a senger Interventioun vum 9. Februar, datt elo endlech Schluss muss si mat esou enger Politik. Zum Schluss vu senger Interventioun zielt hie konkret Pisten op, wéi d’Politik d’Bierger ELO scho finanziell entlaaschte kann an deposéiert an deem Kontext och eng Motioun. Eis gewinnt berodungsresistent Regierung huet allerdéngs keen Ouer dofir.

Deel dëse Post: