Den 10. Dezember 2007 haten all d’Jugendorganisatiounen vun de politesche Parteien hei am Land – mat Ausnam vun der ADRenalin – an Zësummenaarbecht mat der ASTI, eng Deklaratioun mam Titel « Refresh democracy » publizéiert. Doran gouf haaptsächlech gefuerdert, datt eis Demokratie misst doduerch « opgefrëscht » ginn, an deem een den Auslänner hei am Land géing d’Walrecht bei de Chamberwalen zouspriechen. Ausserdem gouf gefuerdert, déi « prealabel » Froen vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Openthaltsdauer ze « tranchéieren ».

D’ADRenalin ass och der Meenung, datt eis Demokratie misst op gefrëscht ginn, allerdéngs op eng ganz aner Manéier! D’ADRenalin fuerdert eng Stärkung vun der Demokratie op nationaler wéi op europäescher Basis.Op nationalem Niveau duerch:

  • eng Reform vum Walrecht, déi de Stëmme vun de Wieler an deene véier Bezierker dat selwecht Gewiicht gëtt. Am Abléck sinn d’Wieler am Norden an am Osten géintiwwer deenen am Süden an am Zentrum benodeelegt
  •  en direkten Zougang vun de Bierger zum Verfaassungs geriicht;
  • gestäerkte Rechter vun der Oppositioun an der Chamber;
  • eng proportionnell Vertriedung am Staatsrot vun alle Parteien déi an der Chamber sinn;
  • méi direkt Demokratie a Referendumen, besonnesch a wichtegen institutionnelle Froen oder groussen Investitiounen (z.B. am Transport);
  • méi eng lieweg Diskussiounekultur.

Op europäeschem Niveau duerch:

  • méi Subsidiatitéit a méi Rechter op all Plang fir d’Nationalstaaten;
  • en Europa vun de Natiounen amplaz eent mat supranationalen, föderale Strukturen;
  • méi Transparenz;
  • méi Rechter fir déi national Parlamenter géintiwwer der Kommissioun an dem Conseil;
  • méi Referendumen iwwer europäesch Sujeten.

D’ADRenalin bleiwt der Meenung, datt et bei de Chamberwalen kee Stëmmrecht fir d’Auslänner soll ginn.  Déijeneg Auslänner déi wëllen iwwer eist Land an eis Natioun matbestëmmen, sollen hiren Integratiounswëllen duerch d’Unhuelen vun der lëtzebuergescher Nationalitéit – eventuell der duebeler Nationalitéit- beweisen. D’ADRenalin insistéiert an deem Zësummenhang drop, datt d’Exigenzen betreffend déi lëtzebuerger Sprooch an d’Dauer vun der Residenz net däerfen erof gesat ginn.