Op Ufro vun der ADR huet sech déi parlamentaresch Arméikommissioun den 10. Dezember mat der Reform vun der Arméischoul beschäftegt. D’ADR begréisst grondsätzlech eng Reform, déi den Zaldote méi Qualifikatioune bitt an doduerch och méi Méiglechkeeten am private Secteur opmécht. Amplaz den Niveau an de Rekrutéierungsexamen erofzesetze soll d’Ausbildung verbessert ginn. Den Droit de priorité däerf net a Fro gestallt ginn. D’ADR verlaangt vum zoustännege Minister eng Reform am Interessi vum Zaldot.

Souwuel den Arméiminister, wéi den Här Marc Fischbach a sengem Rapport iwwer den Zoustand vun der Arméi, hate Reforme vun der „Rekonversioun“ vum Zaldot, also vu senger Virbereedung op säi berufflecht Liewen no senger militärescher Déngschtzäit, a vun der Arméischoul proposéiert. Déi permanent Enseignantë vun der Arméischoul hate schonn an engem Schreiwes un d’Deputéiert op déi Iddi reagéiert an eng Rei vu Suergen an Iwwerleeungen ausgedréckt.

Haut de Moien hunn den Arméiminister an d’Educatiounsministesch an der parlamentarescher Kommissioun hir Iddie preziséiert. Fir d’ADR ass kloer, datt déi Reform muss der sozialer Roll vun der Arméi gerecht ginn. Si begréisst grondsätzlech eng Reform, déi den Zaldote méi Qualifikatioune bitt an doduerch och méi Méiglechkeeten am private Secteur opmécht.

Eng Reform vun der Arméischoul däerf awer weder de Staat nach d’Gemengen aus hirer legaler Obligatioun entloosse fir de fréieren Zaldoten eng Prioritéit a verschiddene Carrièren ze ginn. An de leschte Joeren hunn ëmmer manner Verwaltunge fréier Zaldote rekrutéiert, wat dacks weder fir déi Verwaltungen, nach fir d’Arméi positiv Auswierkungen hat.

An Zesummenaarbecht mat de Verwaltungen, wéi zum Beispill der Police, sollt gekuckt ginn, datt d’Rekrutéierungsexamen esou organiséiert an zäitlech esou geluecht ginn, datt et den Zaldote méiglech ass, fir sech optimal virzebereeden. D’ADR ass awer net der Meenung, datt den Niveau an den Exame sollt erofgesat ginn, mä si wëll, datt déi schoulesch Ausbildung soll verbessert ginn, fir datt méi Kandidaten déi Exame packen.

D’ADR ass weiderhin der Meenung, datt eng Auslagerung vun der Arméischoul op Ettelbréck de Minister net aus der Verantwortung entléisst fir endlech déi dréngend noutwenneg Renovatioun vun der Dikrecher Kasär virunzedreiwen.

D’Reform vum Militärgesetz, déi duerch eng Reform vun der Arméischoul néideg gëtt, sollt gläichzäiteg och genotzt ginn, fir déi rezent Arméireform nach eemol z’iwwerpréiwen, an do, wou dat sollt néideg sinn, ze verbesseren. Fir d’ADR ass kloer, datt déi Reform weder op d’Käschte vum Zaldot däerf goen, nach negativ Konsequenzen op de gudde Fonctionnement vun der Arméi däerf hunn.