Referendum iwwert den zweeten Deel vun der Verfassungsreform

Vum 2. bis de 25. Mäerz hunn d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet fir sech op hirer Gemeng an eng Lëscht anzedroen, fir ze verlaangen, datt den zweeten Deel vun der Verfassungsreform soll engem Referendum virgeluecht ginn. D’ADR seet deene couragéierte Leit Merci, déi mat hirem Bréif un de Premierminister de Wee fir dës demokratesch Prozedur fräigemaach hunn. Si hofft, datt vill Bierger vun hirem Recht Gebrauch
maachen an datt déi 25.000 Ënnerschrëften, déi fir e Referendum néideg sinn, bei dësem zweeten Ulaf zesummekommen.
D’ADR verlaangt, datt, aus Respekt virun dëser Referendumsprozedur déi bis zum 25. Mäerz leeft, iwwer kee weidert Kapitel vun där véierdeeleger Verfassungsreform an der Chamber ofgestëmmt gëtt. Sollte 25.000 Bierger e Referendum froen, misst jo souwisou nei iwwerluecht ginn, wéi mat deene verschiddene Deelervun der Reform misst ëmgaange ginn. D’ADR kritiséiert, datt d’Period vun der Aschreiwung op d’Lëschte vum 2. bis de 25. Mäerz mat nëmmen dräi Wochen extrem kuerz ass. D’Regierung weist domat op en Neits, datt si de Referendum net wëll an datt si et de Leit wëll esou schwéier wéi méiglech maachen fir vun hiren demokratesche Rechter Gebrauch ze maachen. Et ass ze hoffen, datt wéinstens d’Gemenge mat ëmfaassender Informatioun un hir Matbierger a mat kamouden Ëffnungszäiten alles maachen, fir de Wäert vun dëser demokratescher Prozedur ze ënnersträichen. Leider ass et nach ëmmer net méiglech, datt d’Lëtzebuerger am Ausland, wéi z.B. d’Studenten, kënnen iwwer eng online-Prozedur mat ofstëmmen. Op eng Gesetzesinitiativ an dem Sënn vun der ADR hat d’Regierung direkt negativ reagéiert. D’ADR verlaangt awer virun, datt Lëtzebuerg déi Prozedure moderniséiert an datt et an Zukunft muss méiglech gi fir e Referendum och online ze ënnerstëtzen

ADR-Pressematdeelung vum 16. Februar 2022

Deel dëse Post: