Récktrëtt vun der Ëmweltministesch: eng richteg Entscheedung!

D’ADR huet zur Kenntnis geholl, datt d’Madamm Dieschbourg am Kader vun enger juristescher Enquête decidéiert huet, fir ze demissionéieren, a begréisst dëse Schrëtt. D’ADR hat sech scho viru Joren an der Ëmweltkommissioun dorëm beméit, eng komplett Kloerheet am Dossier ronderëm de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter ze kréien. Et woren deemools d’CSV an d’ADR, déi sech fir eng komplett Kloerheet am Dossier Gaardenhaischen agesat haten.*

D’ADR verlaangt lo vun deene Gréngen, datt d’Madamm Dieschbourg duerch eng integer Perséinlechkeet ersat gëtt an datt déi zoustänneg Instanzen an der Chamber komplett iwwer dësen Dossier an iwwer d’Zoustänn am Ëmweltministère informéiert ginn. Den Ëmweltministère muss erëm kënnen d’Vertraue vun der Populatioun kréien.

D’ADR constatéiert, datt dës Regierung scho méi wéi eng Kéier probéiert huet, e Skandal op déi laang Bänk ze schiben oder ze vertuschen, a si verlaangt, datt am leschte Joer vun der Gambia-Regierung dëst Verhalen ophält, d’Institutioune respektéiert ginn an déi legitim deontologesch Erwaardunge vun der Populatioun erfëllt ginn.

*Dës Appreciatioun betrëfft déi politesch Verantwortung vun der Madamm Dieschbourg. Wat eventuell juristesch Aspekter ugeet, gëllt d’Onscholdsvermuddung.

 

 Pressematdeelung vun der ADR vum 22. Abrëll 2022

Deel dëse Post: