Réckschrëtt statt Fortschrëtt am Eisebunnsverkéier?

An den 1970er Joren huet een 2 Stonnen a 15 Minutte gebraucht fir mam Zuch vun der Stad op Bréissel ze kommen. Haut dauert déi nämmlecht Faart 3 Stonnen an 12 Minutten. Schonn 2016 hat de Premier Besserung bis 2023 versprach. Mëttlerweil schwätzt een nach vu méigleche klenge Verbesserunge bis 2028, wann iwwerhaapt. Den Transportminister François Bausch mécht iwwerdeems e klore Schëllegen aus. Déi Belsch Regierung un där seng gréng Parteikolleege bedeelegt sinn. Selwer huet ee selbstverständlech scho laang alles geliwwert wat néideg ass. Mee sief et wéi et sief: wéi kann d’Regierung hire Kampf géint den Auto rechtfäerdegen, wann se beim Ausbau vun deene vun hir selwer propagéierten Alternative sou däitlech verseet?

Deel dëse Post: