Réckleefeg Zuschauerzuelen an den Theateren

D’Theaterprogrammer ginn ëmmer méi “politesch korrekt”. Ass dat e Grond fir déi réckleefeg Zuschauerzuelen? De Fernand Kartheiser freet d’Kulturministesch.

Fro:

An deene leschten zwee Joer hunn d’Theateren hei am Land wéinst de Corona-Mesurë réckleefeg Zuschauerzuelen a Kaf missen huelen. Obschonns mëttlerweil all déi Corona­-bedéngt Moossname gefall sinn, bekloe verschidden Theaterdirekteren e Réckgang vun den Zuschauerzuelen.

Gläichzäiteg stellt ee fest, datt d’Theaterprogrammer ëmmer méi ideologesch ginn an datt een a spezielle Fäll souguer behaapte kann, datt a verschiddenen Theatere politeschen Aktivismus bedriwwe gëtt. Sou liest ee beispillsweis an engem LW­-Artikel vum 16.9.22 (“Aus der Realität flüchten”), datt en ëffentlech subventionéierten Theater e Stéck um Programm stoen huet, dat sech dezidéiert fir d’Ofdreiwung asetzt. Sou seet den Intendant vun deem Theater: “Dabei ist das Stück speziell für junge Menschen ausgelegt, sodass den Jugendlichen in erster Linie nahe gebracht werden soll, dass jeder das Recht hat, über seinen eigenen Körper zu entscheiden.”

 An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

 

  • Leien der Madamm Minister Statistike vir, déi iwwer d’Zuschauerzuelen an ëffentlech subventionéierten Theateren an de Spillzäiten 2009/10 bis 2019/20 informéieren? Wann nee, ass dru geduecht, fir an Zukunft sou Statistiken unzeleeën? Wann dat net de Fall ass: Aus wéi enge Grënn wäerten och an Zukunft keng esou Statistiken ugeluecht ginn?
  • Geet d’Madamm Minister dervun aus, datt et eng Korrelatioun gëtt tëscht réckleefegen Zuschauerzuelen an den Theateren (wéi se am genannten Artikel beklot ginn) an enger progressiver ldeologiséierung vun den Theaterprogrammer, datt vill Leit also nëmmei an den Theater ginn, well d’Stécker ëmmer méi “politesch korrekt” sinn? Kann d’Madamm Minister hir Ausso begrënnen?
  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, ob an a wéiwäit de Kulturministère Afloss op d’Programmatik vun Theateren hëlt, déi vun ëffentlecher Hand subventionéiert ginn?

Äntwert:

1. D’Behaaptung, dass d’Theatere réckleefeg Zuschauerzuelen hätte kënne mir net konfirméieren. De Kulturministère ass amgaangen, en Observatoire de la culture opzebauen an an deem Kontextoch en/g Statistiker/in ze rekrutéieren fir och méi konsequent Statistiken opzebauen. E Besuch am Theater beweist awer och empiresch, dass de Public nach ëmmer um Rendez-vous ass.
2. Och dës Behaaptung kënne mir net konfirméieren.
3. Esou wéi ech dat schonn a fiireschten Äntwerte betount hunn, hëlt de Kulturministère keen Afloss op d’Programmatioun vun den Haiser oder de Contenu vun de Stécker.

 

 

Deel dëse Post: