Reagéiert d’Regierung op déi fälleg Rees-Aschränkungen?

Séier reagéiert huet den ADR-Norddeputéierte Jeff Engelen op déi nei Reesaschränkungen, déi am Kader vu Corona bléien. Inspiréiert gëtt seng dréngend parlamentaresch Fro och vun deene Schlaangen zu Maarnech, wou Leit fir Covid19-Tester an der Keelt an am Reen laang musse waarden. De Jeff Engelen wëll vun der Madamm Gesondheetsminister wëssen, wéi d’Regierung reagéiert, a wéi si negativ Test-Zertifikaten vu manner wéi 48 Stonnen wëll fir Leit, déi musse verreesen, erausginn. An d’Regierung reagéiert och séier, bravo! Den Dag drop huet de Jeff d”Äntwert op seng Fro. Iwwer Myguichet ass eng séier Prozedur bei Auslandsreese virgesinn.

Deel dëse Post: