Rapport Cargolux – Qatar Airways: 200 000 € fir e Loftlach

Fir d’ADR steet fest: wann et nach e Bewäis gebraucht hätt fir d’Onfähegkeet vun dëser Regierung ënner Bewäis ze stellen, dann ass dëse mam Rapport iwwert den Deal vu Qatar Airways a Cargolux geliwwert ginn. Dëst gëllt net nëmme fir de Contenu vun deem Dokument, mä och fir de Käschtepunkt. Eng renomméiert Auditgesellschaft, déi schonns fréier an deem Dossier matgeschafft hat, huet vun der Regierung net manner wéi 200 000 € akasséiert fir en Dossier „à décharge“ ofzeliwweren. D’ADR fuerdert de Finanzminister op an dësem Dossier endlech seng Responsabilitéiten anzegesinn a Konsequenzen doraus ze zéien!

Wéi wann et net géif duergoen, datt am Rapport iwwert den Deal Cargolux – Qatar Airways keng nei an objektiv Informatioun ze fannen ass, huet en och nach de Steierzueler 200 000 € kascht. An deem confidentiellen (sic) Dokument gëtt den Auditeur seng eege Limite esou un: „Nos travaux n’ont pas consisté en un examen selon les normes d’audit internationales (…). Nous ne donnons dès lors aucune assurance sur les informations financières (…), le présent rapport ne peut être considéré comme un avis juridique (…), nous ne disposions pas de pouvoir d’investigation…“.

Kee Wonner, datt een am Rapport näischt gewuer gëtt, wat een net schonns weess ! De Luc Frieden, als Finanzminister, war Ufanks 2011 op offizieller Visite am Qatar, an dat ouni Missioun iwwert den Dossier Cargolux ze verhandelen (« cette visite n’avait pas pour objectif de discuter du dossier Cargolux »). Hien hat den Dossier trotzdem an d’Gespréich bruecht, an den Deal mat engem Handschlag ofgeschloss (« il a obtenu un accord oral de principe »). Duerno huet, dem Rapport no, d’CSV-LSAP Regierung dem Deal zougestëmmt.

D’Folgen aus dësem Mëssverhale vum Finanzminister hunn d’Cargolux an hiert Personal a grouss Turbulenze gefouert. Nom groussen Drock vun de Gewerkschaften a vun der ëffentlecher Meenung hunn d’Regierungsvertrieder sech un hir Majoritéit am Verwaltungsrot bei der Cargolux erënnert an d’Qatarien hunn sech, ouni Verloscht fir si, aus der Firma zréckgezunn.

Iwwert dës Tatsaache kann och de Rapport vun 23 Säiten net ewechtäuschen! Datt dowéinst nees 200 000 € an e Loftlach investéiert gi sinn, ass fir d’ADR eng Ursaach méi fir de Finanzminister viru seng Verantwortung ze stellen.

Deel dëse Post: