Nodeems zwee Memberen nogeluecht ginn ass aus dem ADRenalin-Comité an aus der ADR auszetrieden, erënnert d’Partei dorunner, datt si sech eendeiteg vum extremisteschen a xenophobe Gedankegutt distanzéiert. Esou radikal Opfaassunge ginn net toleréiert an entspriechen och net dem Grondgedanke vun der ADR.

„Mat der ADR ass iergendeppes, wat auslännerfeindlech oder radikal ass, einfach ondenkbar“, esou de Nationalpresident Fernand Kartheiser an engem Interview; an dat nodeems zwee Memberen nogeluecht ginn ass aus dem ADRenalin-Comité an aus der ADR auszetrieden. Zu dëser Situatioun koum et no e puer Entrevuen tëscht der Parteispëtzt an de Concernéierten, déi dann och fräiwëlleg d’Partei verlooss hunn.

D’ADR ass a bleift eng Partei, déi sech als wäertorientéiert definéiert an déi weder extremistescht nach xenophobt Gedankegutt toleréiert. Bei den Entscheedungen, déi an dësem Dossier getraff goufen, schwätzt de Fernand Kartheiser vun engem „politesche Signal“ an erënnert un dat internt Reglement zu Disziplinarfroen, dat deslescht vum Nationalcomité ugeholl a mëttlerweil op der Internetsäit vun der ADR publizéiert gouf.

Den Artikel op RTL.lu