Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Chancegläichheet weiderzeleeden.

Déi Europäesch Kommissärin, d’Madame Viviane Reding, huet elo virgeschloen, datt eng Fraequot vu 40% sollt am Opsiichtsrot vun Entreprisen ageféiert ginn, déi op der Bourse notéiert sinn.

No de Medie soll et awer schonn an enger éischter Diskussioun am Ministerrot zu enger Oppositioun vun 10 Länner komm sinn, déi zesummen eng Spärminoritéit hunn: d’Vereenegt Kinnekräich, Bulgarien, d’Tscheschech Republik, Dänemark, Ungarn, Litauen, Malta, Holland, Schweden a Slowenien. Och an Däitschland ass déi zoustänneg Ministesch, d’Madame Kristina Schröder, géint esou eng Regelung.

Zu Lëtzebuerg huet d’Madame Ministesch fir Chancegläichheet bis elo gesot, si wéilt Consultatioune féieren, wat och schonn an där zoustänneger Chamberkommissioun ugefaangen huet.

Dowéinst wollt ech d’Madame Ministesch froen:

  1. Wéi huet Lëtzebuerg gestëmmt, wou der Madame Reding hir obligatoresch Fraequot am Ministerrot wor? Wéi eng Positioun huet Lëtzebuerg genee bei där Diskussioun vertrueden?
  2. Wëll d’Regierung nach ëmmer eng Consultatioun hei am Land iwwer dës Fro féieren oder huet si dee Prozess elo opginn?

 Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre de l’Egalité des Chances

De 17. Februar 2013 war de Sujet vun der Representatioun vu Fraen an de Verwaitungsréit um Ordre du jour vum EPSCO-Conseil, an zwar ënnert der Form vun engem Débat d’orientation.

D’Ministeren haten aiso just e politeschen Austausch iwwert d’Thema an ënnert anerem iwwert hir jeeweileg Initiativen an Erfarungen, fir géint den niddrege Prozentsaz vu Fraen an de Verwaitungsréit virzegoen.

D’Europâesch Kommissioun wäert, mengen Informatiounen no, an deenen nachste Méint eng formell Deliberatioun iwwert de Sujet an iwwert eng eventuell Proposition de directive huelen.

Eréischt an deem Moment, wou e formel len Text virläit, kënnen Diskussiounen a Verhandlungen doriwwer ufänken.

Lëtzebuerg wäert sech selbstverstândlech dozou positionéieren, awer eréischt dann, wa gewosst ass, wat genee an deem Text steet. Mengen Informatiounen no viséiert d’Kommissioun eng Participatioun vu 40% vum „Sexe sous-représenté“ bis 2020 an de Conseils de surveillance vun deenen op der Bourse gelëschten Entreprisen, respektiv den Entreprisen, an deenen de Staat majoritairement participéiert.

SoIIt esou eng Initiativ op europaeschem Plang formaliséiert ginn, wier den Impakt dovunner zu Lëtzebuerg ganz beschränkt.

Dofir wäert d’Regierung weiderfueren, déi ganz interessant, fräiwëlleg a villfälteg Aktiounen ze ënnerstëtzen, un deenen zanter Ufank 2011 ganz intensiv geschafft gëtt.

Opgrond vun engem breede Konsens doriwwer, dass den Ist-Zoustand muss verbessert ginn, hunn déi verschidde Patronatsorganisatiounen sech engagéiert, de Sujet mat hireMemberen ze diskutéieren an Iddien auszeschaffen, fir d’Situatioun ze veränneren.

Esou huet d’ABBL no enger Bestandsopnam eng Charte fir hir Memberen ausgeschafft, d’FEDIL huet en Zyklus vu Konferenzen organiséiert an eng Etüd gemaach an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg.

De Ministère fir Chancëgläichheet huet eng elektronesch Plattform en place gesat, déi d’Zesummenaarbecht an de regelméissegen Austausch tëschent Acteuren, déi sech dem Thema mat konkrete Projeten ugehol! hunn, erméiglecht : de Reseau Diversity in Business (DivBiz).

An des Initiative viséieren awer net nëmmen d’Betriber, déi op der Bourse cotéiert sinn an och net nëmmen d’Zesummesetzung vun de Verwaitungsréit, mee dat laangfristegt Zil ass eng méi equilibréiert Representatioun vu Fraen a Manner op allen Niveaue vu Responsabilitéitsposten an deene verschiddene Secteure vun der Economie.