Quokeleg Situatioun am Afghanistan!

D’ADR ass déif besuergt iwwer d’Entwécklungen am Afghanistan. D’Victoire vun den Taliban weist an aller Däitlechkeet d’Risike vun der westlecher Interventiounspolitik. D’Verännerung vun enger Gesellschaft no westleche Wäertvirstellungen, am Sënn vun engem „Nation building“, war hei nees en Echec. Déi ablécklech Situatioun weist och op en Neits déi komplett Ofhängegkeet vun den europäeschen Natioune vun den USA. Dës Facteure mussen zu neien Iwwerleeungen iwwer d’Baussepolitik vun den europäesche Staaten, inklusiv vu Lëtzebuerg, féieren.

D’ADR seet all deene Lëtzebuerger Merci, déi sech an deene leschte Joren am Afghanistan engagéiert hunn. Besonnesch denkt si dobäi un déi vill Lëtzebuerger Militär déi do, dacks ënner Liewensgefor, e wäertvolle Bäitrag geleescht hunn. Datt deen Asaz schlussendlech keen Erfolleg hat, weist, datt d’Politik besonnesch ëmsiichteg muss sinn, wa si militäresch Missiounen decidéiert. D’ADR constatéiert, datt och déi bal 52 Milliounen Euro, déi Lëtzebuerg fir déi afghanesch Arméi ausginn huet, verluer sinn an elo vläicht den Taliban zegutt kommen.

D’Prioritéit läit am Abléck bei der humanitärer Hëllef. D’ADR ass dofir, datt humanitär Hëllef a groussem Ëmfang geleescht gëtt, ënnert der Konditioun, datt sécher ass, datt déi Suen an dat Material net kënnen an d‘Hänn vun den Taliban geroden, fir zu aneren Zwecker gebraucht ze ginn. D’ADR begréisst d‘Participatioun vu Lëtzebuerg am Kader vun internationalen humanitären Efforte fir Leit, déi a Gefor sinn, aus Afghanistan ze evakuéieren.

D’ADR ass der Meenung, datt Leit, déi elo an Afghanistan a Gefor sinn, sollen an den Nopeschlänner vun deem Land, respektiv prioritär an aneren islamesche Länner, opgeholl ginn, fir do Schutz ze fannen. D‘ADR géing d’Regierung encouragéieren, fir international Schutzzonen an den Nopeschlänner vun Afghanistan mat opzebauen an ze finanzéieren, dëst an Zesummenaarbecht mam UNHCR (Haut Commissariat des Nations Unies pour les réfugiés), der EU an aneren internationalen Instanzen. D’ADR ass iwwerzeegt, datt massiv Fluchtbeweegungen a Richtung Europa net néideg sinn an och net kënnen zougelooss ginn.

D’ADR ënnerstëtzt d’Efforte vun der Regierung, fir Persoune mat Lëtzebuerger Nationalitéit oder Persounen, déi am Optrag vu Lëtzebuerg am Afghanistan sinn, ze evakuéieren. Si widderhëlt awer och hire Standpunkt, no deem et net ka sinn, datt eng Persoun, déi Asyl oder internationale Schutz zu Lëtzebuerg krut, Vakanz an hirer Heemecht mécht an dann erëm zréckkënnt. Wann een an engem Land ka Vakanz maachen, ass een do weder a Gefor, perséinlech verfollegt ze ginn, nach de Gefore vun engem Krich ausgesat. De Faktum, a säi Land zréckzegoen, entrainéiert also de Verloscht vum Schutzstatut.

Pressematdeelung vum 24. August 2021

Deel dëse Post: